Verlenny

Erzählungen der Leser

Tinitinger Henry, ( Version : Luxemburg )
Gefesch's mat Emmstänn

_-_-_-_-_-_-_-_-_-_-_-_-_-_-_-_-_-_-_-_-_-_-_-_-_-_-

Hallo copain,

wanns du göschter zu Consenvoye gewiescht wärs, häss du dech mat freckt gelach.

 

No 7 Stonnen sin ech vum Kuerf opgestaan, a wollt mech grad strecken, do huet de Ben

geruf : Heng pass op dein Prebbeli, a schon war hien mat all mengen Sachen vum Quai

am Wasser.

 Mein Prebbeli. Mein Feschkuerf. Mein Hanf. Meng Angel, je alles nömmen mein Roullot

stong nach hannert mer.

 

Ech hat schon alles opgin, well de Prebbeli war schon 1/2 voll mat Wasser an ass enner gang

sou op 8m.

Dun huet de Feschkuerf sech vum Prebbeli getrennt an deen kuem mol nach eng Kéier erop.

 

Mam Ben senger Angel hun ech dra geworf an krut en bei gezun.

An déer Zeit hat de Ben seng 6m Epuisette montéiert an huet all enzel Déeler eraus geföscht.

Ech hun mech op de Bauch geluecht an de Ben huet mech mam Been ugehal, sou krut ech mein Kuerf ze paken.

De Val an de Ben hu net gelach, bis ech ugefang hun ze lachen, do hun se sech gekremt vu lachen. De Ben sot ech hun net gelach well ech duercht wann ech lachen, klakt den Heng der eng.

 

Wou mer fortgefuer sin, an iwert d´Stroossenbreck gefuer sin kuken ech op d´Wasser a gesinn mein Prebbeli do geschwommen kommen.

De Val ass direkt stoen bliwen, a mir hu dono gekukt.

Dun hu mer en beim Breckenpfeiler gesin hänken.

Hien war net méi ze gebrauchen.

 

Gefang hatten mer zu 3 +-  120 Fesch awer nemmen sou 40 waren anständech Friturfesch.

Dat annert waren lauter klenger.

 

D´Wasser war schnell a ganz giel.

 

Déi anner Säit souzen 8 Fescher vu Wasserbelleg, déi haten zesummen keng 20 Fesch.

 

Schnéiwasser war nach nie gut.

 

Trotzdem war et trotz de ganzen Dag Reen e flotten Dach. 

 

_________________________________________________________________________________________________
Heute waren schon 3 Besucher (4 Hits) hier!
Diese Webseite wurde kostenlos mit Homepage-Baukasten.de erstellt. Willst du auch eine eigene Webseite?
Gratis anmelden